D'Crèche
Eis Crèche ass e Familljebetrib zu Bous an engem Wunnberäich no bei der däitscher a franséischer Grenz. Mir këmmeren eis ëm Kanner am Alter vun 0 bis 4 Joer an engem rouegen a sécheren Ëmfeld.
D’Kanner ginn an zwou Gruppen opgedeelt :
Mir schwätze Franséisch, Lëtzebuergesch an Däitsch.
Pedagogik :
Eis Struktur praktizéiert eng net-formell Ausbildung. Dës beinhalt Léierprozesser déi an engem Ëmfeld stattfannen dat virbereet an entworf ass fir den Interessi vun all Kand ze stimuléieren. D’Aktivitéite sinn ëmmer Virschléi op Basis vun de Besoinen an Interesse vum Kand. D’Kanner kënnen d’Aktivitéite fräiwëlleg wielen.
D’Kand gëtt als e kompetent Wiesen ugesinn, dat fäeg ass vun der Gebuert ze léieren. Et ass virwëtzeg an hëlt aktiv Deel um edukative Prozess.
Mir garantéieren en Ëmfeld dat a verschidde Funktiounsberäicher strukturéiert ass fir de Kanner Choixen unzebidden.
Den alldeeglechen Kontakt zu der Aussewelt ass och eng vun eise Prioritéiten. D’Kanner hunn direkten a sécheren Zougang an eise Gaart.
D’Aklimatiséierungsphase :
Haaptsächlech geet et hei drëms de Rhythmus vum Kand ze verfollegen an ze respektéieren. Eis Flexibilitéit an Adaptatiounsméiglechkeeten sinn wichteg fir d’Kand an dëser Transitiounsphase beschtméiglechst ze begleeden.
Iessen :
Och hei setze mir op Autonomie a gudde Wëllen. D’Organisatioun ass gutt duerchduecht fir roueg Ofleef ze garantéieren. Fir d’Puppelcher hu mir déi héich Still an alles wat d’Motorik vum Kand behënnert, ofgeschaaft. D’Puppelcher iessen op klengen Dëscher oder setze bei eis um Schouss. Déi eeler Kanner bedeelegen sech beim Dësch decken an iessen zesummen, hiert iessen ass a Form vun engem Buffet preparéiert.
Mir bidden eng ofwiesslungsräich Ernierung aus biologescher Landwirtschaft un.
Eis amenagéiert Beräicher :
E Bichereck
Gemittlech an zu all Moment zougänglech, mat e puer héichwäertege Bicher sou arrangéiert datt de Cover ze gesinn ass.
E “Rascht” Eck
Hei kann d’Kand, wann et wëllt, sech de Reizer vun der Gemeinschaft entzéien. Et ass e klengen Eck dee gemittlech ageriicht ass an e bëssen Distanz zum Rescht vum Grupp huet.
E “Bau” Eck
Mir hunn dësen Eck mat engem dënnen Teppech beluecht fir de Beräich um Buedem anzegrenzen.
Op der Matt oder an der direkter Ëmgéigend proposéiere mir Baumaterialien, déi reegelméisseg änneren: Lego, Kapla, Bausteng, Deckele vu Fläschen, Holzreebou, Styroporsbléck.
E kreative Beräich
Mir hunn dëse Raum mat thematesche Behälter a Plateauen organiséiert: Modelléieren, Ausschneiden, Collagë maachen, Molen an Zeechnen.
Ee Rollespillberäich
Dësen Eck ass de symbolesche Spiller gewidmet.
Mir hunn all déi symbolesch Spiller, déi mir haten, op enger Plaz gebündelt: Poppen, Spillkichen, Epicerie, kleng Autoen a Figuren.
Ee Motorikberäich
Fir all Grupp steet eng Motorik Plattform an e Bewegungparscours zur Verfügung.
Dëse Motorikberäich ass fir d’Kanner de ganzen Dag zougänglech.
En Exploratiounseck
An dësem Eck gëtt ëmgeschott, Fiedem duerchgezunn, experimentéiert, transportéiert … Dëst ass eise Beräich fir fein Psychomotorik mat Hand-Aen Koordinatioun an Experimenter.
Mir setzen d’Aktivitéitplateauen oder kleng Behälter zesummen déi einfach ze droe sinn.

Eis Ëffnungszäiten
Samschdes, Sonndes a Feierdeeg hunn mir zou
D'Equipe
Chef Prinzessin
Tatiana Hicks
D'Fee vun de Wonnen
Aurélie Boutou
De Magic Butterfly
Juliette Marchal
De Guardian vun der Kroun
Anaïs Giltay
Aktivitéiten
Kulinareschen Atelier
Richen, schmaachen, knieden a vermëschen - Är Kanner léieren op eng spilleresch Manéier d'Goûte kennen.
Kulturell an artistescht Erwächen
Entwécklung vun der Virstellungskraaft duerch Geschichten erzielen, Spillaktivitéiten, d'encouragéiere vun der musikalescher Entwécklung an Molerei.
Erwäche vun de Sënner
Multisensoresch an entspaant Workshops fir ärem Kand säi Wuelbefannen.
D'Liewen dobausse genéissen
Spadséiere goen oder dobausse Lafen, d'Kanner kënnen am Outdoor-Beräich déi véier Joreszäite genéissen a kenneléieren.
Symbolesch Spiller
D'Crèche huet Imitatiounsspiller: Poppen, Spillkichen, Spillbuttek, kleng Autoen... D'Kanner spillen zesummen a arrangéieren sech ënnerteneen.
Bau Spiller
D'Konstruktiouns Spiller sinn ganz ëmfaassend. Se beusprochen verschidde Fäegkeeten vum Kand an erméiglechen vill Léierprozesser, souwuel motoresch wéi intellektuell.
Psychomotoresch Übungen
Parcours, Gymnastik... Dësen Atelier gëtt Kanner ab 18 Méint ugebueden a fuerdert déi kierperlech Entwécklung.
Yoga
D'Kanner léiere Yoga op eng spilleresch an narrativ Manéier. Virun allem mat Hëllef vun Kierperhaltungen an enger Aféierung an d'Otmungssübungen.

Een typeschen Dagesoflaf
E séchere Kader, dee fir d'Kand zougänglech ass a säi Rhythmus respektéiert, encouragéiert
seng Autonomie am an hëlleft déi verschidden Zäiten am Dag z'antizipéieren. Des fest Zäiten
am Dag ginn dem Liewe vun all Grupp ugepasst.
Fir e séchert Klima fir d'Kanner ze schafen, ass den Dag ëmmer selwecht opgebaut. Näischt
gëtt dem Zoufall iwwerlooss, alles gëtt organiséiert an de Kanner erkläert.
Bei de Puppelcher
6.00 / 8.00 Auer: Begréissung vun de Kanner / Moies Iessen / Schlofen no Bedierfnesser vun
de Puppelcher
8.30 / 9.00 Auer: Pampers wiesselen / Hänn wäschen / Moies Iessen
9.00 / 10.00 Auer: Schlof no de Bedierfnesser vun de Puppelcher / Aktivitéit vum Dag / Fräi
Spillen / Reimer / Lidder / Geschichten
10.00 / 11.00 Auer: Aktivitéit vum Dag
11.00 / 11.30 Auer: Pampers wiesselen / Hänn a Gesiicht wäschen
11.30 / 12.00 Auer: Mëttegiessen
13:00 / 15:00 Auer: Mëttesrascht
15:00 / 15:30 Auer: Hänn a Mond wäschen / Pampers wiesselen / Nomëtteg Iessen
15.30 / 17.00 Auer: Aktivitéit / erausgoen oder fräi Spillen
17.00 / 18.00 Auer: Snacks / Reimer / Lidder / Geschichten / Fräi Spillen
18.00 / 20.00 Auer: Virbereedung vun der Ofrees vun de Kanner / Fräi Spillen
20.00 Auer: Crèche mëscht zou
Bei deene Groussen
6.00 / 8.30 Auer: Begréissung vun de Kanner / Fräi Spillen
8.30 / 9.00 Auer: op Toilette goen / Hänn wäschen /Pampers wiesselen
9.00 / 9.30 Auer: Moies Iessen Buffet
10.00 / 11.00 Auer: Aktivitéit vum Dag
11.00 / 11.30 Auer: Toilette goen / Hänn wäschen / Pampers wiesselen
11.30 / 12.00 Auer: Mëttegiessen
12.00 / 12.30 Auer: Zänn wäschen / Hänn a Gesiicht wäschen / op Toilette goen / anescht
undoen
12:30 / 13:00 Auer: Entspanung / Roueg Aktivitéit
13:00 / 15:00 Auer: Mëttesrascht
15.00 / 15.30 Auer: Pampers wiesselen / op Toilette goen
15.30 / 16.00 Auer: Snack Buffet / Hänn a Gesiicht wäschen
16.00 / 18.30 Auer: Aktivitéiten / erausgoen / Fräi Spillen / aanescht undoe wann néideg /
Ofrees vun de Kanner
18.30 / 19.00 Auer: Snack an Ofrees vun de Kanner
19.00 / 20.00 Auer: Fräi Spillen
20.00 Auer: Crèche mëscht zou


